Nom schroe Brand am Flüchtlingslager Moria goufen déi éischt Migranten an e provisorescht Lager opgeholl.

4 Deeg nom Groussbrand am Flüchtlingslager Moria op der griichescher Insel Lesbos sinn ongeféier 200 Migranten e Samschdeg de Mëtteg an engem provisoresche Lager ënnerkomm. Der griichescher Police no géifen nach eng Partie Flüchtlingen op Hygiène- a Sécherheetskontrolle waarden. Dat neit Lager Tepe ass fir 3.000 Persoune geduecht.

Dat iwwerfëllte Lager Moria gouf beim Brand quasi komplett zerstéiert. Wéi et vum Flüchtlingskommissär vun de Vereenten Natiounen heescht hunn 11.500 Mënschen dorënner 4000 Kanner keen Dag méi iwwer dem Kapp.