Spuenesche Medien no steet de verurteelte Lëtzebuerger Mäerder Jean-Marc Sirichai Kiesch elo erëm op fräiem Fouss.

De Jean-Marc Sirichai Kiesch gouf den 10. August a Spuenien festgeholl nodeems hie wärend 16 Joer gesicht gouf. Wéi et vum spueneschen Noriichtesite „Huelva Información“ heescht huet e Riichter zu Madrid decidéiert hie fräizeloossen. Grond dofir ass dass d’Strofdot virun 20 Joer geschitt ass an dass de Kiesch mëttlerweil a Spuenien verwuerzelt ass. De Lëtzebuerger muss sech awer all 15 Deeg viru Geriicht presentéieren. Donieft huet hie säi Pass missen ofginn. Den 39-Järegen huet zu Punta Umbria a Spuenien gewunnt an dierf dann elo do bleiwen. Wéi et heescht hätten awer d'Lëtzebuerger Justizautoritéiten am August seng Ausliwwerung ugefrot.

Mat 18 Joer gouf hien am Oktober 2000 ënner anerem wéinst Mord zu 20 Joer Prisong verurteelt. Hie stoung zënter 2016 op der Lëscht vun "EU Most Wanted".