D’Police huet matgedeelt dass et zu enger Fahrerflucht op der N12 komm ass an dass eng Partie alkoholiséiert Automobilisten ënnerwee waren.

Op der N12 tëscht dem Briddel, Biergerkräiz an dem Rollengergronn koum et an der Nuecht op e Sonndeg um Mëtternuecht zu engem Accident tëscht 2 Autoen. Engem Automobilist koum en aneren Auto aus entgéintgesater Richtung entgéint. Hie konnt dësen awer evitéieren. Den Automobilist deen hannendru gefuer ass konnt d’Kollisioun awer net verhënneren. Eng Automobilistin gouf vun de Rettungsdéngschter op der Plaz versuergt a gouf an d’Spidol bruecht wou eng Bluttanalys gemaach gouf. Bei enger zweeter Persoun déi keng schro Blessuren hat gouf en Alkoholtest gemaach dee positiv war. E Protokoll gouf ausgestallt. D’Streck huet misse wärend de Rettungs- an Opraumaarbechte gespaart ginn.

Donieft huet d’Police gemellt dass e Samschdeg den Owend géint 21h00 eng verbal Ausernanersetzung tëscht enger Koppel an der Rue Lentz zu Diddeleng gemellt gouf. D’Police konnt dës awer klären. Trotzdeem gouf festgestallt dass de Mann ënner Alkoholafloss stoung a mat sengem Auto gefuer war fir sech mat senger Partnerin ze treffen. Den Alkoholtest war deementspriechend positiv an eng Bluttanalys gouf am Spidol gemaach. De Permis gouf agezunn an e provisoresche Fuerverbuet esou wéi eng Plainte goufen ausgestallt.

E Sonndeg de Moie kuerz no 09h00 krut eng Policepatrull an der Iechternacherstrooss um Waldhaff en Automobilist gemellt deen hannert dem Steier geschlof huet. Dëse stoung mat sengem Auto deen e Platten hat um Bord vun der Strooss. Och do war den Alkoholtest positiv an et gouf eng Plainte gemaach.