Am australesche Melbourne goufe bei enger net-autoriséierter Demonstratioun géint de Lockdown 74 vu ronn 250 Demonstrante vun der Police festgeholl.

Bei enger net-autoriséierter Demonstratioun géint de Confinement sinn am australesche Melbourne Dosende Leit festgeholl ginn. 74 vun de ronn 250 Demonstrante sinn um Sonndeg festgeholl ginn, wéi d'lokal Police gemellt huet. Deemno huet d'Police am Ganzen 176 Amenden ausgestallt.

D'Demonstranten haten op dem Queen-Victoria-Maart am Zentrum vu Melbourne en Enn fir de Confinement gefuerdert. Wéi d'Police op d'Plaz komm ass, ass et zu Ausernanersetzungen tëscht den Demonstranten an der Police komm.

D'Ausgangsrestriktiounen zu Melbourne waren Ufank Juli a Kraaft getrueden a goufe bis de 26. Oktober verlängert. Um Méindeg trieden awer Lockerungsmesuren a Kraaft.

Wéi et heescht, gëtt d'Zäit fir Sport dobaussen op 2 Stonne gehéicht a Mënschen déi eleng liewen dierfen nees a Kontakt mat Leit an engem klenge Krees trieden.

Australien war am Ganze gutt opgestallt bei der Kontroll vum Coronavirus. Bis ewell goufe 26.600 Infektioune mam Covid-19 nogewisen. Am Land vu ronn 25 Milliounen Awunner sinn 810 Persounen un de Suitte vum Coronavirus gestuerwen.