Zënter dem 9. August ginn d'Awunner vu Belarus op d'Strooss fir géint de President Lukaschenko ze demonstréieren. Um Sonndeg goufe 250 Leit festgeholl.

Bei Masseprotester an der belarussescher Haaptstad Minsk sinn um Sonndeg ronn 250 Mënsche festgeholl ginn, esou d'Autoritéiten. Engem Rapport vun der Noriichtenagence AFP no hunn um Sonndeg Zéngdausende Mënsche géint d'Regierung demonstréiert.

Zënter der ëmstriddener Presidentschaftswal um 9. August ginn d'Awunner all Sonndeg op d'Strooss fir géint de Lukaschenko deen zënter 26 Joer President ass ze demonstréieren. D'Demonstrante fuerderen Neiwalen a geheien dem Lukaschenko d'Fälsche vun de Wale vir. Viru gewalttätege Virgoe vun de Sécherheetsbeamte loossen sech Demonstranten net ofschrecken, wei et weider heescht.

De Lukaschenko hat awer e Puer Mol däitlech gemaach, net zeréckzetrieden. Deemno géing hien op russesch Ënnerstëtzung ziele fir un der Muecht ze bleiwen.