Um Sonndeg huet et zu Fréiseng eng Kéier an der Lëtzebuergerstrooss geknuppt. Donieft goufe Vëlosfuerer zu Esch-Uelzecht an zu Mäerzeg blesséiert.

Wéi de CGDIS schreift ass et um Sonndeg zu Fréiseng zu engem Accident mat 3 Blesséierte komm.

An der Lëtzebuergerstrooss géint 12:30 Auer hunn sech 2 Autoen ze pake krut. Dobäi goufen 3 Persoune liicht blesséiert.

Donieft ass e Cyclist zu Mäerzeg kuerz virun 11:00 Auer an der rue de Vichten gefall.
Zu Esch-Uelzecht am Boulevard Charles de Gaulle ass e weidere Vëlosfuerer géint 14:15 Auer gefall. A béide Fäll koumen d'Cycliste mat liichte Blessuren ewech.