Op der N10 tëscht der Hëttermillen a Stadbriedemes gouf et um Sonndegowend ee schwéiert Accident bei deem eng Fra schwéier blesséiert gouf.

D’Police mécht een Zeienopruff no engem schwéieren Verkéiersaccident.

Op der Route du Vin tëscht der Hëttermillen a Stadbriedemes ware géint 16h50 um Sonndegowend  een Auto an ee Moto anenee gerannt. D’Motoradsfuererin gouf dobäi ganz schwéier blesséiert. De Chauffer a Bäifuerer vum Auto goufen net blesséiert. Méiglech Zeien sollen sech bei der Police Museldall mellen (Tel.: (+352)244701000 oder per E-Mail: police.museldall@police.etat.lu).