E Samschdeg de Mëtte gouf et ee Bëschbrand an der Géigend vu Beefort. Bei dësem ass eng Fläch vu ronn 3.600 Quadratmeter verbrannt.

No engem Bëschbrand an der Hatzendellt bei Beefort sicht d’Police no Zeien. De Samschdeg 12. September gouf géint 14h40 ee Feier gemellt, bei deem eng Fläch vu ronn 3.600 Quadratmeter Ënnerholz verbrannt ass. Op der Plaz vum Feier, déi als Hatzendellt bezeechent gëtt, geet ee Wanderwee laanscht. D’Police sicht an deem Kader no méiglechen Zeien déi eppes matkruten. All Info ass fir d’Police vun Iechternach (Tel.: (+352)244721000 oder per E-Mail: police.echternach@police.etat.lu).