Zesumme mat alle Responsabelen hunn d'Paulette Lenert an de Claude Meisch eng Pressekonferenz iwwert déi 1. Phas vum Large Scale Testing ginn.

Déi 1. Phas vum Large Scale Testing ass ofgeschloss an déi 2. Phas start. Wéi geet et virun? Wéi gesäit d'Strategie an Zukunft fir Lëtzebuerg aus? A wéi ass déi 1. Phas verlaf? Doriwwer goufen et e Méindeg Detailer. Mat dobäi waren:

  • d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert,
  • de Minister fir Héichschoul a Fuerschung Claude Meisch,
  • de President vum Conseil d'administration du Luxembourg Institute of Health Dr. Gregor Baertz,
  • de Spriecher vun der Covid-19-Task-Force Professer Ulf Nehrbass,
  • de stellvertriedende Porte-Parole vun der Task Force Professer Paul Wilmes.

De Professer Ulf Nehrbass huet eemol den Iwwerbléck ginn, firwat dës Strategie vum Large Scale Testing néideg an och déi richteg Decisioun war. Mee et gouf och een Abléck hannert d'Kulissen, a wéi séier dëse Projet realiséiert gouf. Donieft huet den Ulf Nehrbass och dorop higewisen, wéi qualitativ héichwäerteg d'Aarbecht vun de Laboratoiren, mee och d'Qualitéit vun den Tester selwer waren. Dat am direkten internationale Verglach. Ee Standard duerch dee Lëtzebuerg sech konnt positiv ofgrenzen.

De stellvertriedende Spriecher vun der Covid-19-Task-Force, de Professer Paul Wilmes, huet nach méi konkret Detailer zu der éischter Phas vum Large Scale Testing ginn. Esou konnt ee Problemzonen erkennen, déi een am Ufank villäicht net esou ageschat hat. A bei anere Beruffer huet ee realiséiert, dass se manner akut eng Risikogrupp ware wéi uganks geduecht. Dat war zum Beispill bei der Police de Fall.

D'Poliziste goufe reegelméisseg getest, an awer goufen et éischter wéineg Infektiounen an dësem Milieu. Dogéint huet ee festgestallt, dass d'Infektiounen am Bausecteur geklomme sinn. Duerch de Large Scale Testing hat een d'Flexibilitéit an déi néideg Ressourcë fir dëse Secteur séier ze testen - an doduerch eng Infektiounsketten ënnerbriechen.

De 24. September ginn et Detailer zu der 2. Phas vum LST, sou d'Gesondheetsministesch. Et wier wichteg als éischt all wichteg Informatiounen an Erkenntnisser aus der éischter Phas ze gewannen a da mat afléissen ze loossen. Eng Approche vun där ee vill gewanne kéint. Déi 2. Phas start de 16. September a geet bis Mäerz 2021. Virgesinn ass eng Kapazitéit vun 53.000 Tester pro Woch.

Hei e puer Zuelen zu der 1. Phas vum LST:

1,5 Milliounen Invitatioune verschéckt
1. Phas huet 10 Woche gedauert
560.000 Coronatester gemaach
307.751 Residente getest

© MSAN