Lëtzebuerg ass eent vun den europäesche Länner, an deem d'Elteren am generéiste mam Täschegeld sinn.

Enger neier Ëmfro vun der ING no läit Lëtzebuerg ënnert den Top 5 an Europa – dat kann natierlech och mat den héije Salairen a soss Käschte fir ze liewen a Relatioun stoen. 41 % vun de Befrote ginn hire Kanner d'Täschegeld da boer, 21 % maachen et via aner Alternativen. Hei gouf eng Hausse vun iwwer 10 % gezielt.

Et gouf festgehalen, datt d'Elteren, déi befrot goufen, méi Täschegeld ginn. Tëscht der leschter Etüd vun 2014 an där heite gouf eng Hausse vu 5 % gezielt. De Prozentsaz vun deenen, déi d'Suen direkt op de Kont iwwerweisen huet sech verduebelt: vun 8 % am Joer 2014 op 14 % am Joer 2020. Den Trend ewech vum Boergeld weist sech iwwerdeems ëmmer méi a gouf duerch d'Coronakris verstäerkt.

Dem Europäeschem Duerschnëtt no benotze 25 % vun den 12.824 Befrote manner Boergeld wéi nach virun engem Joer.

© Screenshot ING