Am Kader vum Tour de Luxembourg, deen en Dënschdeg start, gëllt e Verbuet fir all Dronen-Flich bis den 19. September.

Wéi de Mobilitéitsministère matdeelt, si verschidde Loftraim wéinst der Vëloscourse betraff. En Dënschdeg ass dat de Loftraum "Lëtzebuerg-Lëtzebuerg", e Mëttwoch "Réimesch-Hesper", en Donneschdeg "Rouspert-Schëffleng", e Freideg "Rodange-Déifferdeng" an e Samschdeg "Miersch-Lëtzebuerg". D'Pläng vun de verschidde Loftraum ginn et hei.