Géint 20 Auer 30 e Sonndeg sinn der Police zu Esch an der Rue de l'Alzette - Avenue de la Gare Persoune wéinst hirem Verhalen opgefall.

Ee vun de Männer konnt sech mat enger franséischer Asyldemande ausweisen an huet domat géint d'Arees- an d'Openthaltsbestëmmunge verstouss. Donieft stoung géint hien nach eng Prisongsstrof op, dowéinst gouf hien och landeswäit gesicht.

An där Zäit, an där de Mann um Buedem immobiliséiert huet misste ginn, sinn e puer Leit vun engem Lokal an der Géigend méi no komm. All Eskalatioun konnt evitéiert ginn, well scho weider Polizisten op d'Plaz geruff goufen. De Mann gouf no enger Visitt bei engem Dokter op Schraasseg bruecht.

Beim 2. Mann gouf eng Pistoul fonnt, déi hien a senger Box verstoppt hat. Hie gouf immobiliséiert a krut Handschellen un. Wéi sech erausgestallt huet war et eng Schreckschosspistoul, déi ee muss umellen. Géint de Mann gouf eng Plainte wéinst illegalem Waffebesëtz gemaach, hie konnt duerno heem goen.