An der Woch vum 7. bis 13. September huet d'Police nees kontrolléiert, wie sech net un d'Corona-Bestëmmungen hält.

Nieft Persounen, déi d'Bestëmmungen net agehalen hunn, sinn och méi Caféen a Baren negativ opgefall. Verschiddener hu sech net un d'Spärstonn gehalen, anerer hu géint soss gesetzlech Virschrëfte fir d'Andämme vum Coronavirus verstouss.

Den 12. September ass an engem Café zu Bieles 50 Persounen ugetraff, déi grad am gaange ware mat danzen a sech net un d'Hygiènesvirschrëfte gehalen hunn. D'Police huet e Rapport un déi zoustänneg Autoritéit weidergeleet.

Den 13. September ass zu Nidderkuer eng Privatparty opgeléist ginn. Och hei hu sech d'Leit net un d'Virschrëfte gehalen an et waren der méi present. wéi erlaabt. Jidderee vun de Concernéierte krut eng Verwarnung mat Geldstrof.