Den 13. September 2020 gouf der Police géint 11 Auer um CR181 vum Bridel a Richtung Stroossen e Mann gemellt.

Dëse stoung beim zweete Kreesverkéier (Opfaart fir op d'Autobunn A6) an enger Abuchtung an huet säi Geschlechtsdeel gewisen, wéi eng Fra an engem Auto laanscht gefuer ass. De Mann war eleng a stoung nieft engem groen Auto. Schonn den 1. August tëscht 10 an 12 Auer war deen nämmlechte Mann, dës Kéier am éischte Kreesverkéier vum Briddel aus, wéinst deem selwechte Verhalen opgefall.

An deem Kader sicht d'Police elo Persounen, déi änlech Beobachtungen op dëse Plazen oder an der Ëmgéigend gemaach hunn. All Info ass fir d'Police vu Capellen. D'Telefonsnummer ass den (+352)244301000 oder via Email u police.capellensteinfort@police.etat.lu.