Bis 2026 sollen iwwer 600 nei Wunnengen op der Stater Stäreplaz gebaut ginn.

Dat gouf en Dënschdeg op enger Pressekonferenz zesumme mat der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an dem Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte François Bausch matgedeelt. Nieft Wunnenge sinn och Büroen a Geschäfter geplangt. Konkret sollen d'Büroe 45 % vun der kompletter Surface anhuelen.

De Site moosst iwwerdeems 3 Hektar. Op dësem solle weider Infrastrukturen, wéi e Kino, Restauranten, e Fitness-Zenter a souguer eng "Foodhall" mat Terassen entstoen. Och de Mobilitéitsreseau soll op där Plaz verbessert ginn: Virgesinn ass ënnert anerem och en "shared space" mat enger ënnerierdescher Gare fir d'Regionalbussen.

Fir méi Plaz ze schafe gëtt d'Areler Strooss mat Hëllef vun engem Tunnel ëmgeleet - den Tram op där Plaz war also een Deel vum neie Projet.