De 15. September tëscht 7 Auer 30 an 8 Auer gouf zu Ettelbréck eng Fra ugegraff. D'Police sicht no Zeien.

D'Fra war an enger Niewestrooss, enger Verlängerung vun der Rue de Bastogne, ënnerwee a krut do hire Rucksak geklaut. E Mann hat si vun hannen attackéiert an de Rucksak vun der Schëller gerappt. Am Virfeld war si vun engem anere Mann ugerempelt ginn, dee si dobäi ugejaut hat.

Nom Déifstall si béid Männer a Richtung Rue du Canal geflücht, wou si op der Héicht vun enger Apdikt an e rouden Auto, wuel mat belsche Placken, geklomme sinn. D'Police preziséiert, dass et sech hei ëm ee Kombi kéint handelen an dësen aus Richtung Ettelbréck komm ass.

D'Police huet Beschreiwunge vu béide Männer erausginn:

  • däischter Hautfaarf,
  • ongeféier 1 Meter 70 grouss,
  • schlank Statur.

Ee Mann hat eng rout Joggingsjackett an eng donkel Joggingsbox un, deen aneren en donkelen Jogging. Béid hate wärend der Dot Kaputzen iwwer de Kapp gezunn an Nues a Mond mat engem schwaarze Buff bedeckt.

Zeie soll sech beim Policebüro Dikrech-Veianen mellen. D'Nummer hei ass den +352 244 801000 oder via Email u police.diekirchvianden@police.etat.lu.