De leschte Weekend goufen am Raum Sandweiler, Konter an Trënteng vun 20 bis 2 Auer 30 an der Nuecht op e Samschdeg Policekontrollen duerchgefouert.

De Fokus louch um Anhale vun de gesetzleche virgeschriwwene Bestëmmunge vun technesche Verännerungen un de Gefierer. Et gouf also gekuckt ob sech un d'Reegele gehale ginn ass, falls eppes un de Gefierer verännert ginn ass an ob d'Sécherheet weider garantéiert ass.

Am Ganze goufen 42 Verstéiss gezielt. Ënnert anerem gouf et eng Geldstrof vun 49 Euro, 6 Mol hu misste 74 Euro bezuelt ginn an eemol 145 Euro. Hei huet de Chauffer och 2 Punkte verluer. Ënnert anerem waren d'Auspuffanlagen oder d'Fënsteren net reglementéiert, een aneren Auto hat ënnerschiddlech Pneue montéiert.

Donieft goufen zwee Führerschäiner agezunn: eemol wéinst Alkohol um Steier an eemol wéinst Fueren ënnert Alkohol- an Drogenafloss. 3 Mol hu sech Chaufferen op Landstroossen net un d'Vitess gehalen, 2 Mol am Duerf.