Dëse Mëttwoch huet eng Fra géint Mëtternuecht en Accident an der Veianerstrooss zu Tandel bei der Police gemellt.

De Chauffer wier an eng Luucht, eng Lanter an eng Mauer gerannt. Wéi sech erausgestallt huet war de Chauffer kuerz virdru mat héijer Vitess virun enger Policekontroll geflücht. Um Policebüro war den Alkoholtest spéider positiv an de Führerschäi gouf agezunn.

Virdru war de Mann am Policeauto aggressiv géintiwwer de Beamten, huet si gefilmt an ee vun hinne mam Dout menacéiert. Wéi hie probéiert huet ee Polizist an d'Gesiicht ze schloen huet hie mat vill Méi missten immobiliséiert.

Wéi de Mann an Arrest bruecht gouf, si bei him ongeféier 40 Gramm Haschisch an eng gréisser Zomm Sue séchergestallt ginn. de Parquet huet eng Perquisitioun an Optrag ginn. Wéinst de verschidde Verstéiss ass e Protokoll gemaach ginn.