Wéi d'Liewensmëttelsécherheet e Mëttwoch matgedeelt huet, kënnen a béiden Iesswueren Nëss dra sinn, déi net op der Etikett stinn.

Betraff sinn d'Produiten "pâte à tartiner au chocolat fondant" a "pâte à tartiner au chocolat lait" zréckgeruff. Persounen, déi net op  Hieselnëss allergesch reagéieren, kënnen d'Produiten ouni Problem iessen. All anere soll se natierlech net méi consomméieren.

D'Liewensmëttel goufen an de Butteker Aldi zu Lëtzebuerg verkaaft, eng Vente op anere Plaze kann awer net ausgeschloss ginn.

© Commissariat du gouvernement à la qualité, à la fraude et à la sécurité alimentaire