E Mëttwoch war nees den traditionelle City Breakfast vun der Stater Gemeng.

De Mëttwoch gouf de Bilan zu der alternativer Fouer presentéiert. Mam Konzept "D'Stad lieft" wollt een de Leit e bësse Fouer-Feeling offréieren. Am Zentrum waren op verschidde Plazen Attraktiounen an Iessstänn installéiert ginn. Zesumme mat de Foraine weist ee sech dann elo zefridden, déi eng sinn awer natierlech méi, déi aner manner frou. Bei de Spiller fir d'Kanner hätt een e grousse Succès gehat, bei den Iessbude war den Undrang manner grouss.

Ausgebucht war den Autoskino um Glacis. Hei goufen iwwer 6.500 Leit gezielt. Nächst grouss Evenementer an der Stad wieren natierlech d'Chrëschtmäert. Op Nofro hin hat et leschte Mount geheescht, dass ee voll mat der Planung am gaangen ass. Et géif een aktuell da mat de Foraine kucken, ënnert wéi enge Konditiounen d'Chrëschtmäert organiséiert kënne ginn, sou RTL. Dat nämmlecht gëllt och fir d'Offer vun Alkohol, also an deem heite Fall schwätze mer jo gréisstendeels vum Glühwäin

Op alle Stater Evenementer war wéinst de Corona-Reegelen dëse Summer de Verkaf vun Alkohol verbueden. Fir d'Geschäftsleit an der Kris awer verstäerkt ze ënnerstëtzen hat d'Stad Akafsbonge kaf an dës verloust. 21.000 Stéck waren zesumme komm – verschiddener ginn awer och no soziale Krittäre verdeelt. Eng aner Form vun Ënnerstëtzung fir d'Commerçanten ass d'Direkthëllef vu 4.000 Euro. Hei hätte sech bis ewell 1.100 Geschäftsleit gemellt, fir eng Ënnerstëtzung ze kréien.