Wéi annoncéiert ass am Regierungsrot dëse Mëttwoch iwwert d'Reegelen a Punkto Isolatioun geschwat ginn.

D'Ministeren hu sech drop gëeenegt, dass d'Dauer fir Persounen, déi sech wéinst enger Corona-Infektioun isoléiere mussen op 10 Deeg reduzéiert soll ginn. D'Decisioun bezitt sech op Analysen an aktuell Recommandatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO, sou de Communiqué vum Pressebüro vun der Regierung.

Aktuell sinn zu Lëtzebuerg 14 Deeg Isolatioun virgesinn. Dës Decisioun muss dann nach an der Chamber ugeholl ginn. De Vott kéint Ufank nächster Woch um Programm stoen.

Wat ass mat Isolatioun gemengt? Wéi d'Santé op covid.19.lu erkläert:

D'Isolatioun gëtt bei all Persoun mat enger confirméierter COVID-19-Infektioun ugewannt. Se muss doheem isoléiert bleiwen. Déi Persounen, déi an hirem Haushalt liewen oder mat deenen se eng intim Bezéiung huet, musse sech fir 7 Deeg a Quarantän setzen.

Dës Mesure ziilt dorop of et ze verhënneren, datt déi infizéiert Persoun, déi ustiechend ass, d'Infektioun op hiren Entourage iwwerdréit.

D'Isolatioun gëtt vum Dokter verschriwwen an dauert op mannst 14 Deeg nom Optriede vun de Symptomer. Wärend dëser Period, wou d'Persoun doheem isoléiert gëtt, muss all Kontakt zu anere Persounen evitéiert ginn an eng chirurgesch Mask muss ëmmer gedroe ginn, wann se sech bei anere Persounen ophält.

Sech net un eng Isolatiounsmoossnam halen ass eng Infraktioun a kann mat enger Geldbouss tescht 25 a 500 Euro bestrooft ginn.

A Punkto Quarantän gesäit et dann esou aus: Hat ee Kontakt mat engem Corona-Positiven, muss een a Quarantän goen an et kann een 6. Dag nodeems een dës Persoun fir d'lescht gesinn huet, sech teste loossen. Ass dësen Test negativ, muss een net méi a Quarantän bleiwen.