E Mëttwoch ass d'Vëlospist op der Aler Bréck an der Stad ageweit ginn.

Am Oktober 2018 haten d'Aarbechten op der Bréck ugefaangen, am November 2019 gouf déi nei Busspuer a Betrib geholl an den Trottoir ass méi breet gemaach ginn. D'Aarbechte fir d'Foussgänger op där anerer Säit vun der Bréck sollen demnächst ufänken, wéi et an engem Communiqué vum Mobilitéitsministère heescht. D'Aarbechte sollen am Dezember 2021 fäerdeg sinn.

Elo nom Chantier hunn also Vëlosfuerer wéi Foussgänger méi Plaz, d'Vëlospist an den Trottoir sinn och visuell kloer vun enee getrennt. Donieft ass um Gelänner vun der Aler Bréck provisoresch en Anti-Suicide-System installéiert ginn.

D'Aarbechte kaschten am Ganzen 11,2 Milliounen Euro.

© Administration des ponts et chaussées