D'Coronazuelen zu Lëtzebuerg: 774 nei Fäll bei 12.347 Tester. D'Zuel vun den Doudesaffer bleift bei 147.

774 Neiinfektioune bei 12.347 Tester. Dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé e Mëttwoch matgedeelt huet.

Iwwerdeems ass keng weider Persoun un de Suitte vum Virus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer bleift domadder bei 147.

E Dënschdeg waren et 485 Neiinfektioune bei 8.863 Tester.

LINK / Fannt hei weider Informatiounen!

Aktuell leien 132 Persoune wéinst dem Covid-19 am Spidol dovunner 16 op der Intensivstatioun.

D'Reproduktiounszuel läit aktuell bei 1,24.

LINK / Hei geet et bei de Rapport vun der Santé!