E Mann huet e Freideg den Owend zu Diddeleng engem Jonken e Vëlo geklaut an hie menacéiert. D’Police sicht no Zeien.

Zu Diddeleng op der Gemengeplaz huet e Freideg den Owend géint 20h00 e Mann engem 14-Järegen en ausgeléinte Vëlo, deen der Gemeng gehéiert, geklaut. Donieft huet den Täter de Jong mat Gewalt menacéiert.

Beim Täter handelt sech ëm e Mann tëscht 16 an 20 Joer. Dëse gouf als südlännesch beschriwwen a war tëscht 1,60 a 1,70 Meter grouss. Hien hat schwaarz Kleeder an eng schwaarz Posch un. Hien huet lëtzebuergesch geschwat.

Eventuell Zeie solle sech bei der Police vun Diddeleng mellen (Telefonsnummer: 244 69 1000 oder 113).