Eng Fra déi e Freideg den Owend zu Déifferdeng ënnerwee war huet der Police en Exhibitionist gemellt.

Eng Fra déi e Freideg kuerz no 19h00 zu Déifferdeng am Park Chiers mat hirem Hond ënnerwee war huet e Mann gemellt dee säi Geschlechtsdeel gewisen huet. Dëse war Enn 40 Joer al, war 1,80 Meter grouss an hat eng Kap un. Donieft hat hien en wäiss-bloen T-Shirt an eng Jeans un. Dem Mann hunn och e puer Zänn gefeelt.

Donieft gouf der Police en Abroch géint 22h15 zu Suessem an der Grand-Rue gemellt. Täter hate probéiert Rolllueden opzemaachen an eng Fënster anzeschloe fir an de Keller vun enger Wunneng eranzeklammen. Wéi d’Abriecher gemierkt hunn dass d’Bewunnerin doheem war sinn si geflücht. Si hunn awer hiert Geschier leie gelooss. D’Police vun Déifferdeng an d’Spueresécherung waren op der Plaz.

Géint 21h00 war dann zu Diddeleng an der Lëtzebuergerstrooss en Automobilist an e geparkten Auto gerannt. De Schock huet den Airbag ausgeléist. Den Automobilist gouf nëmme liicht blesséiert. De Mann hat esou vill gedronk dass hie weder goen nach stoe konnt. E Wäert vun 2,23 mg/l konnt ermëttelt ginn, wat iwwer 4 Promill entsprécht. E Protokoll gouf deemno ausgestallt.

Iwwerdeems koum et zemools am Süde vum Land zu Kläppereien an deenen alkoholiséiert Persoune verwéckelt waren. Eng Partie Leit goufe liicht verwonnt. 6 Permise goufe landeswäit wéinst Fueren ënner Alkoholafloss agezunn an ee Protokoll gouf wéinst Fueren ënner Drogenafloss opgeschriwwen.

E Samschdeg géint 10h15 wollt e Mann op der Autobunn A4 an der Géigend vu Leideleng en Auto iwwerhuelen an ass an dëse gerannt. De Motocyclist ass doropshi gefall an huet sech un der Schëller blesséiert. Et huet sech erausgestallt dass dëse kee Permis hat an de Moto war weder ugemellt nach verséchert. Op Uerder vum Parquet gouf de Moto saiséiert an e Protokoll gouf ausgestallt.