Um Flughafe London Heathrow huet e Sécherheetsbeamte vum britteschen Ausseminister Raab eng Waff an engem Fliger vergiess.

E Mann dee fir d’Sécherheet vum britteschen Ausseminister Domic Raab zoustänneg war huet eng Waff an engem Fliger vergiess. Hie war mam Minister um Flughafe London Heathrow no enger Visitt an den USA gelant. De Raab hat sech zu Washington mat der Spriecherin vum Representantenhaus Nancy Pelosi a mam US-Ausseminister Mike Pompeo getraff.

De Verantwortleche gouf an der Tëschenzäit suspendéiert. Ermëttlunge goufen ageleet fir méi iwwer d’Ëmstänn erauszefannen. Dat huet e Spriecher vun der Londoner Police matgedeelt.

Wéi et vun der brittescher Zeitung „The Guardian“ heescht huet d’Botzpersonal d’Waff op engem Sëtz am Fliger fonnt. Den Ausseministère huet sech nach net geäussert.