E seelene Stuerm war a Griicheland ënnerwee an huet den Doud vun engem Mann an enger Fra verursaacht.

Op d’mannst zwou Persoune si beim Wierbelstuerm "Ianos" a Griicheland ëm d’Liewe komm. Wéi déi griichesch Pompjeeën e Samschdeg matgedeelt hunn handelt et sech ëm e Mann an eng Fra. De Mann gouf op senger Aarbechtsplaz erëmfonnt. D’Fra gouf an hirem Haus, dat iwwerschwemmt gouf, erëmfonnt. Donieft gëtt nach eng 40-järeg Fra vermësst.

Zënter e Freideg ass de Stuerm "Ianos" ënnerwee. Genee handelt et sech ëm en mediterrane Stuerm, deen och "Medicane" genannt gëtt. Dës Stierm si relativ seelen. Iwwerdeems huet de Stuerm och vill Materialschued mat sech bruecht. Et hunn och verschidde Flich missen ëmgeleet ginn.