E Wëssenschaftler, deen un der Entwécklung vum Nervegëft bedeelegt war, huet sech beim russeschen Oppositionellen Alexej Nawalny entschëllegt.

De Chemiker Wil Mirsajanow, deen Ugangs de 90er Joren d'Ëffentlechkeet iwwert déi geheim Entwécklung vun Notwitschok an der Sowjetunioun informéiert hat, huet am russesche Sender "TV Rain" um Samschdegowend matgedeelt, dass hien dëst mëttlerweil bereie géif. Hie geet ausserdeem vun engem Joer Erhuelungszäit aus, déi den Nawalny bräicht fir rëm gesond ze ginn.

Dësen huet um Samschdeg iwwerdeems eng Foto vun sech op Instagram gesaat, op där hien eng Trap erofgeet. Weider heescht et, dass hien nach net selwer mam Handy ëmgoe kéint, an och d'Drénken nach problematesch wier. Am grousse ganze wier hien awer um Wee vun der Besserung. Bis viru kuerzem hätt hie nach keng Leit erkannt, a Sproochschwieregkeete gehat.