Däitsch Hëllefsequippe fir d'Flüchtlingen um Mëttelmier hunn den italieneschen Autoritéite Schikane virgeheit.

D'Rettungsschëff "Sea-Watch 4" géif deemno ënnert falsche Bedéngungen um Rausfueren zu Palermo gehënnert ginn. Dëst hunn méi Organisatiounen um Sonndeg matgedeelt.

Bei enger Kontroll um Hafen hätten italienesch Inspekteren eelef Stonne laang no Ursaache gesicht, fir d'Schëff unzehalen, esou Sea Watch an United4Rescue. Weider Hëllefsorganisatiounen erklären, d'Inspektioune wiere politesch motivéiert, an dorop ausgeriicht fir Rettungsoperatiounen ze behënneren. 
D'Inspekteren hu kritiséiert, dass d'Schëff ze vill Rettungswesten u Bord hätt, an den Ofwässerungssystem net fir d'Unzuel vun de Persounen u Bord ausgeluecht wier. 
An der Vergaangenheet goufen et ëmmer nees Ausernanersetzungen tëscht de Rettungsequippen an den italieneschen Autoritéiten, dat well si net mat Migranten u Bord hunn dierfen uleeën.