Den 112 mellt eng Partie Virfäll um Sonndeg.

Um 11:16 ass um CR339 Tëntesmillen Direktioun Kaalber ee Motorrad gefall, eng Persoun gouf blesséiert.

Géint 12 Auer sinn um Wandhaff zwee Autoen net laanschtenee komm, zwou Persoune goufen hei verwonnt.

Um 13:30 ass an der Héichstad bei der Badanstalt de Geroch vun Damp opgefall, weider ass hei kengem eppes geschitt.

Um 14 Auer hat zu Weimeschkierch um Fond St Martin ee Container gebrannt, och hei ass kee blesséiert ginn.

Géint 14:30 hat et  zu Ettelbréck an der Kanalstrooss an engem Haus gebrannt, eng Persoun ass dobäi schwéier verwonnt ginn.

Géint 16 Auer hat um CR350 Nidderfeelen a Richtung Welschent eng Wiss gebrannt, et ass kengem eppes geschitt, an déi entspriechend Hëllefsequippe waren op der Plaz.