Zu Kerpen a Köln huet de Papp selwer um Samschdegowend d'Police geruff.

Déi 16-Järeg Duechter hat Magic Mushrooms vum Papp konsuméiert, dëm Meedche gouf et doropshi schlecht an et krut Kreeslafproblemer.

Den 43-Järege Papp hat d'Mushrooms, déi halluzinogeene Psilocybin enthalen, an enger Këscht ugebaut, a geziicht. Der Police géintiwwer huet hie gesot, dass d'Meedchen dës Erfarung besser mat him zesumme gemaach hätt, amplaz mat frieme Persounen op der Strooss. D'Beamten hunn d'Droge matgeholl, an de Mann krut eng Plainte wéinst Gesetzesverstouss.