Aus nach ongekläerter Ursaach hat et um Sonndeg Nomëtteg géint 14:20 zu Ettelbréck gebrannt.

Eng Persoun hat Damp um ieweschte Stack vun engem Méifamilljenhaus an der Rue du Canal gesinn. D'Pompjeeën hunn op der Plaz d'Dier missen opbriechen. An der Wunneng hunn si dunn déi 45-Järeg Fra ouni Bewosstsinn opfonnt. Si ass verscheet, nodeems si mam Helikopter op Esch bruecht gouf.

© Police

D'Famill aus dem Stack drënner gouf vun der Gemeng op enger anerer Plaz ënnerbruecht, hei ass kengem eppes geschitt.

De Parquet huet eng Autopsie ugefuerdert, fir déi genee Doudesursaach ze klären. De Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz.