
© Eldoradio
Nodeems den Dikrecher Lycée eng nei Kleederuerdnung matgedeelt hat, war d'Opreegung bei de Schüler grouss. Mer hu bei der Direktioun nogefrot.
Um Mëttwoch huet Eldoradio nach eemol mam Direkter Marcel Kramer vum Lycée Classique de Diekirch geschwat.
Nodeems fir d'Rentrée 2020/2021 eng nei Kleederuerdnung am Dikrecher Lycée matgedeelt gouf, sinn an de soziale Netzwierker vill Diskussiounen entstanen. Ma um Méindeg hat d'Direktioun sech mam Schülerkommitee getraff, fir iwwert d'Suergen vun de Schüler vis à vis vun dësem neie Code Vestimentaire ze schwätzen. Doropshin gouf ee Circulaire ausgeschafft, fir de Schüler d'Zil vun dëser neier Kleederuerdnung méi no ze bréngen. Dëse gouf eemol an de Klasse beschwat, an och intern un all d'Schüler an och Professere weidergeleet.
Bei de Schüler a besonnesch de Schülerinne war d'Opreegung grouss, nodeems den neie Code Vestimentaire vum Lycée Classique zu Dikrech matgedeelt gouf. Vun dësem Schouljoer un huet een do verschidde Prezisioune ginn. Deemno ginn d'Schüler dozou ugehalen eemol hir Kapen, Mutzen, Sonnebrëller oder och Kopfhörer ofzedoe soubal se an d'Gebaier vum Lycée era ginn. Donieft sollen d'Schüler sech och esou undoen dass "Ënnerwäsch, Réck, Bauch, Broscht an Hënner bedeckt" sinn. Och Kleeder mat "Representatiounen déi rassistesch, sexistesch sinn oder Drogen, Sex an/oder Gewalt glorifizéieren" sinn an der Enceinte vum Dikrecher Lycée net erwënscht.
Ma besonnesch d'Schülerinnen hu sech duerch deen neien Dresscode viséiert gefillt. Aktuell sinn zum Beispill bauchfräi T-Shirten an Toppen an der Moud, bei deenen een, wéi den Numm et scho seet och de Bauch an de Réck emol fräi huet. Och den Ausdrock "poitrine" léisst vill Spillraum fir Interpretatiounen. Esou hunn d'Schülerinne sech gefrot, ob Si vun elo un nëmmen nach Kleeder dierfen undoen, déi bis zum Genéck zou sinn, an een a kenger Form Dekolletee oder een Ausschnëtt dierf hunn.
Eng Petitioun zu dësem Thema gouf schonn opgesat. Ma de Max war de Méinden de Mueren eemol bei de Lycée selwer, fir d'Schüler an d'Schülerinnen ze froen, wat si vun dësem neie Code Vestimentaire halen.
Mir hunn awer och mam Direkter vum LCD, dem Marcel Kramer, geschwat.
Wéi den Direkter eis iwwert Telefon matgedeelt huet, versteet hien d'Opreegung zu dem Thema net esou ganz. Et wier eigentlech ganz normal, dass déi verschidde Lycéeën hei am Land d'Verhalensreegele fir d'Schüler an och d'Proffe selwer festleeën. An dozou géif och d'Kleederuerdnung gehéieren. Déi nei Reegele fir d'Kleeder wieren net eréischt viru kuerzem entstanen, mee goufe schonn am Laf vum leschte Schouljoer opgestallt. Se goufe just nach net applizéiert, well d'Schüler de Gros vun der Zäit net an der Schoul waren. De Grond war hei natierlech d'Corona-Pandemie. Dem Marcel Kramer no, wieren des nei Reegelen net opgestallt ginn, well et ee besonnesch schlëmme Virfall gouf. Et géif just ëmmer nees opfalen, dass vereenzelt Schüler sech net onbedéngt passend fir d'Schoul undoe géifen. Et wéilt een awer mat dësen neie Reegelen net ee Geschlecht am Besonnesche strofen. Donieft huet de Marcel Kramer och betount, dass ee sech gäre vague gehalen huet bei den Ausdréck. Dëst fir de Schüler net ze vill Restriktioune fir d'Kleedungswiel ze ginn. Deemno wieren d'Kleedungsreegelen an anere Gebaier hei am Land, wéi och am Ausland vill méi streng.
De Marcel Kramer huet och präziséiert, dass de Lycée net nëmmen ee Bildungsoptrag hätt, mee och zu engem gewëssen Deel eng Erzéiungsaarbecht leeschte misst. Besonnesch fir jonk Meedercher wier dëst villäicht heiansdo néideg, well Si sech villäicht net bewosst wieren, wéi verschidden Tenue vun anere Leit opgeholl géifen. Ausserdeem, esou den Direkter, wiere mam "net weise vun der Ënnerwäsch" nach méi d'Jonge gemengt, bei deenen d'Boxe méi wéi nëmmen e bësse Vue op de Kalzong géifen zouloossen. Fir Kloerheet an dësem Fall ze schafen, huet d'Direktioun sech de Méinden Nomëtte mam Schülercomité zesummegesat, fir verschidden Onkloerheeten opzeschaffen. Et hat een awer net domat gerechent, dass d'Reaktioun esou grouss wier, an och zum Thema an de sozialen Netzwierker géif ginn. Doriwwer goufen nämlech Fotoe vun der neier Kleederuerdnung gedeelt, wéi och vereenzelt Reaktioune vu Schüler. Et gouf och eng Petitioun géint deen neie Code Vestimentaire gestart.