An engem Hotel gouf ee Mann opgefuerdert sech un d'Maskeflicht ze halen. Dësen huet awer refuséiert eng Mask unzedoen.

Um Lampertsbierg huet ee Mann sech en Donneschdeg den Owend an engem Hotel an der Avenue Victor Hugo der Maskeflicht widdersat.

De Mann ass an den Hotel gaangen an huet no engem Zëmmer gefrot. Hien hat keng Mask un a gouf e puer mol vum Personal opgefuerdert eng unzedoen. Dësen huet dat awer refuséiert an huet d'Personal menacéiert. Well hien d'Gebai net verloosse wollt, gouf d'Police geruff. De Mann war staark alkoholiséiert an huet nach ëmmer refuséiert den Hotel ze verloossen. Nodeems hien sech och géintiwwer der Police äussert aggressiv verhalen huet, gouf hien an eng Ausniichterungszell bruecht. Et gouf do dernieft ee Protokoll.