Op der Stater Gare hunn zwou Persoune géint ee Bus geschloen an duerno de Chauffer vum Bus ugepöbelt. Ee vun hinne war staark alkoholiséiert.

Op der Stater Gare huet d’Police missen en Donneschdeg den Owend géint 23h00 intervenéieren, well zwou Persounen géint e Bus geschloen hunn, an duerno de Buschauffer ugepöbelt hunn. Ee vun hinnen war därmoossen alkoholiséiert, dass en sech net méi ënner Kontroll hat. Wäll dësen sech net gepackt huet, hunn d’Beamten hien an eng Ausniichterungszell bruecht.