D'Gesondheetsministesch an den Educatiounsminister hunn e Freideg Detailer iwwert den éischten Zeenario vum sanitären Dispositif an de Schoule ginn.

E Freideg de Mëtten um 15h00 hunn d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den Educatiounsminister Claude Meisch eng Pressekonferenz ginn. Hei goufen et Prezisiounen iwwert den éischten Zenario vum sanitären Dispositif an de Schoulen.

Réckbléck op de bekannte 3-Stufe-Modell

Viru 4 Wochen haten de Gesondheets- an den Educatiounsministère hire Stufemodell fir d’Schoulrentrée presentéiert, dat nom Prinzip “Minimal Chance fir de Virus, maximal Chance fir Bildung”. Dësen hat op den Analyse vun de Ministèren aus dem Summer baséiert.

An der Pressekonferenz vun e Freideg ass de Minister Meisch nach eng Kéier op dëse Modell ze schwätze komm. Hien huet betount, datt Infektiounen a Schoulen net auszeschléisse wieren. Trotzdem wier dovunner auszegoen, datt eenzel Infektiounen éischter vu bausse kommen an net vun engem Kontakt bannent der Schoul.

Iwwerbléck iwwer d'Quarantän-Reegelen

Zënterhier koum et awer virun allem d’lescht Woch zu gréisseren Diskussiounen, dat ënnert anerem ëm déi ëmstridden sougenannte partiell Quarantän fir Léierpersonal. De Minister ass op dës “Ongereimtheeten” ze schwätze komm an huet betount, datt d’Regierung hei am Laf vun der Woch nach eng Kéier kloer Reegelen a Prozeduren opgestallt hätt.

Den éischten Zenario ass deemno den heefegsten. An dësem Fall ass ee Schüler aus enger Klass positiv, et handelt sech ëm en isoléierte Fall. Just de positive Fall gëtt isoléiert. Hei geet d'Santé dovunner aus, datt d'Kand sech éischter baussent der Schoul ugestach huet an net an der Schoul. Fir de Recht vun der Klasse gëtt keng Quarantän gefuerdert, an och keng sougenannte partiell Quarantän. Hei sinn dann awer vum Léierpersonal a vun de Kanner nach méi Sécherheetsprecautiounen ze huelen.

An dësem Zenario sollen d’Kontakter vum positiv geteste Kand weider an d’Schoul goen, mee hinnen an hiren Eltere gëtt recommandéiert, datt d’Kanner net un anere Fräizäitaktivitéiten deelhuelen. De Minister huet betount, datt dës keng Obligatioun, mee eng Recommandatioun ass. Hei gëtt de congé pour raisons familiales och erweidert – Elterendeeler, déi wéinst der Infektioun vun hirem Kand méi mussen doheem sinn, kënnen dëse Congé ufroen. Dëse Reglement gouf och e Freideg Nomëtteg am Regierungsrot ugeholl.

Wat Enseignanten betrëfft, déi a verschidde Klasse Cours ginn - wéi et dacks am Secondaire de Fall ass - gëllt folgend Reegel. Si solle mam Mondschutz Cours halen. Awer och hei misst een all Fall eenzel kucken an entscheeden, esou de Minister Meisch.

Gëtt eng weider Persoun positiv getest, rutscht de betraffene Grupp automatesch an den zweeten Zenario. Dat ass de Fall, wann an enger Klasse oder enger Schoul e puer Persoune positiv getest ginn. An dësem Fall gräift d’Quarantän.
Op hei den Enseignant mat a Quarantän gesat gëtt oder net, hänkt och nees vu Fall zu Fall of, esou de Minister Meisch. Dat géif zum Beispill dovunner ofhänken, op en Enseignant wierklech am enke Kontakt mat de betraffene Schüler gewiescht wier oder net. Dat géifen dann d’Experten vun der Santé am jeeweilege Fall entscheeden.

Den drëtten Zenario ass dee vun enger Infektiounsketten. Wa bannent enger Schoul oder enger Klass esou eng Ketten nogewise gëtt, sollen d’Schoule mat der Santé e Plang opstellen. Och hei gräift d’Reegel vun der Quarantän.

Entscheedend ass: Sécherheetsmesuren anhalen

De Minister huet nach eng Kéier kloer recommandéiert, sech un d’Hygiènesvirschrëften ze halen, déi fir Schoulen opgestallt goufen. Zwar kéint een net garantéieren, datt et guer keng Neiinfektioune ginn, mee esou kéint een d’Situatioun awer ënner Kontroll halen. Domat solle Kanner a Léierpersonal also hire Mask weider unhalen, bis se am Klassesall sëtzen (ausser, déi eege Schoul geet nach méi wäit). Och wann de Sécherheetsofstand net ka gehale ginn, soll een e Mask halen. Och beim Sportunterrecht sollten d’Schüler hire Mask unhalen, bis se mam Sport ufänken. Dës kleng Geste géifen doriwwer entscheeden, op et am éischten oder zweeten Zenario zu enger Quarantän misst kommen oder net.

Och d’Paulette Lenert huet nach eng Kéier betount, datt et déi kleng Geste wieren, déi iwwer villes géifen entscheeden. D’Rentrée wier erwënscht an et géif een als Regierung dohannert stoen. Mee dofir missten et och kloer a verständlech Reegele ginn.

International Etüde géife weisen, datt Schoulen kee Corona-Hotspot wieren. D’Verbreedung vum Virus wier hei méi kleng wéi op villen anere Plazen am Alldag. Dowéinst wéilt een och d’Schoul sou normal oflafe loosse wéi méiglech.

Wéi ass et mat der partieller Quarantän an dem enseignement à distance?

D’Ministesch ass dann och op déi partiell Quarantän ze schwätze komm. Hei hätt d’Regierung sech d’Fro gestallt, wéi ee mat Leit am éischten Zenario ëmgeet, wann si positiv getest goufen, ouni mussen a Quarantän. Hei wier et eng Recommandatioun vun der Santé, baussent der Schoul Kontakter esou vill wéi méiglech ze limitéieren. Et misst een net “null Kontakter” hunn, mee dës esou ze miniméieren, wéi méiglech. Just da wier et méiglech, Kontakter ze suivéieren an Infektiounsketten ze briechen.

De Minister Meisch ass op Nofro och dorop agaangen, wéi den Enseignement à distance ofleeft. Fir déi Kanner, déi doheem wieren, géif - esou gutt et geet - en Enseignement à distance gemaach ginn. Och hei misst ee kucken, op dat dann de jeeweilege Enseignant géif maachen oder en aneren. Am Stufeplang hätt d’Regierung sech zum Zil gesat, datt all Schüler am Fall vun engem Online-Unterrecht och déi noutwenneg Moyen hätt, fir un de Coursen deelzehuelen.

Infektiounszuelen zënter der Rentrée

Wéi war d’Situatioun an de leschten Deeg an der Schoul?

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet de Mëtten virleefeg Zuelen vu positive Corona-Fäll an de Schoule genannt, déi vum 15. September bis den 25. September detektéiert goufen.

An den ëffentleche Schoulen goufen an de Grondschoulen 60 Fäll gemellt am Zenario 1 wou et also een isoléierte Fall gouf. Da goufen et 3 Fäll am Zenario 2, hei schwätzt ee vu regruppéiert Fäll an der Schoul. Am Lycée goufen et 31 Fäll am Zenario 1 an 2 Fäll am Zenario 2.

An de private Schoulen goufen et 13 Fäll an der Grondschoul am Zenario 1, an am Lycée 4 Fäll am Zenario 3, hei muss also eng genee Analys gemaach ginn an et gi Mesuren decidéiert.

Tëscht dem 15. September a 25. September goufen et 113 Fäll. 139 Fäll goufen et tëscht 1. September an dem 15. September. Virun der Ouverture an 2 Wochen no der Schoulrentrée gouf et deemno net vill Ënnerscheed.

Hei fannt dir de Livestream:

Hei nach de Communiqué vun der Regierung

Paulette Lenert et Claude Meisch ont donné des précisions sur le dispositif sanitaire lorsqu’un cas isolé se présente dans une classe (25.09.2020)
Communiqué par: ministère de l'Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse / ministère de la Santé


À l’issue du Conseil de gouvernement, la ministre de la Santé, Paulette Lenert, et le ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, Claude Meisch, ont confirmé le dispositif sanitaire à trois niveaux pour lutter contre la propagation de la COVID-19 dans les écoles et donné des précisions sur les différents scénarios.

Le dispositif a été rendu public le 4 septembre et préconise une approche différenciée, adaptée aux cas de figure qui se présentent dans les écoles et lycées, en conciliant le droit à l’éducation et la sécurité maximale pour tous les élèves et le personnel.

Aussi bien les études nationales qu’internationales démontrent que l’école, en tant que cadre strictement réglementé, n’est pas un environnement dans lequel une forte propagation du virus a lieu.

Pas de quarantaine s’il s’agit d’un cas isolé

Le scénario 1, le plus courant, est celui d’un cas isolé : un seul élève est testé positif dans une classe, sans indication d’infection à l’école.

Dans ce cas de figure, ni les camarades de classe de l’élève, ni ses enseignants ne sont soumis à une quarantaine.  

Seul l’enfant testé positif est isolé à la maison. Le reste de la classe et les enseignants continuent à fréquenter l’école sous des conditions sanitaires renforcées : port du masque en classe, récréations déphasées, dispense de cours d’éducation physique et de natation, pas de repas à la cantine etc.

Il est recommandé par la Direction de la santé de ne pas fréquenter de structure d’accueil et de limiter aux maximum les contacts sociaux des enfants ou des jeunes concernés.

Toute la classe est testée à partir du 6e jour.

Le scénario 2 est appliqué si plusieurs cas sont identifiés dans une classe. Toute la classe est alors mise en quarantaine.

Le scénario 3 s’impose lorsqu’est détectée une chaîne de contamination au sein de l’école. Des mesures supplémentaires peuvent alors être décidées.

Le congé pour raisons familiales est élargi 

Le gouvernement a décidé d’élargir le congé pour raisons familiales extraordinaire lié à la COVID-19, afin de permettre aux parents de rester auprès de leurs enfants en dehors des heures de cours.

Depuis la rentrée, quelque 113 élèves ont été testés positifs à la COVID-19 (chiffres provisoires).   

Dans les écoles publiques, 60 cas isolés (scénario 1) et trois cas du scénario 2 ont été dénombrés à l’enseignement fondamental et 31 cas isolés et deux cas relevant du scénario 2 à l’enseignement secondaire.

S’y ajoutent, pour l’enseignement privé, 13 élèves positifs dans les écoles primaires et quatre au lycée.

Appel à respecter les mesures barrières

Les ministres Claude Meisch et Paulette Lenert ont réitéré leur appel à respecter les mesures barrières (port du masque, distances interpersonnelles, lavage fréquent des mains), y compris dans les vestiaires de sport ou au cours des activités parascolaires.

Les deux ministres ont insisté sur l’utilité d’avoir des règles claires et compréhensibles par tous pour limiter la propagation de la COVID-19 parmi la population.