Zu Paräis gouf et e Freideg eng Messerattack an der Géigend vu Charlie Hebdo bei där zwee Journaliste blesséiert goufen.

Op d'mannst 2 Mënsche sinn am Zentrum vu Paräis e Freideg de Moie vun enger Persoun mat engem Messer ugegraff ginn.

De franséische Premier huet d'Attack confirméiert a gesot, datt op d'mannst 2 Persoune méi uerg blesséiert goufen. Et handelt sech ëm zwee Journalisten. Si géifen awer net a Liewensgefor schwiewen. Zwou weider Persoune solle blesséiert gi sinn.

© DENIS CHARLET / AFP

Wéi verschidde Medie mellen, soll e Mann mat engem Messer op déi zwee Journalisten duergaange sinn. Déi zwee hätte virum Gebai gefëmmt.

Et gouf eng Krisesëtzung aberuff. Den Anti-Terror-Parquet huet d'Ermëttlungen iwwerholl. Dës lafen nach. De franséische Parquet soll wéinst "Mordversuch am Zesummenhang mat enger terroristescher Dot" a "Bildung vun enger krimineller Terrorgrupp" ermëttelen. Wéi franséisch Medie mellen, goufen zwee Verdächteger festgeholl. D'Ermëttler ginn den Ament vun engem "Haapttäter" aus. Dëse soll Medien no eréischt 18 Joer al sinn.

Wéi et vun der franséischer Noriichtenagence AFP heescht, ass d'Attack an der Géigend vun der fréierer Satirezeitung "Charlie Hebdo" geschitt. Do war am Joer 2015 en Attentat, bei där am Ganzen 17 Persounen ëmbruecht goufen. Zënterhier schafft d'Redaktioun op enger geheimer Plaz.