Et ass offiziell: Vun e Méindeg u gëllt fir Persounen, déi aus Lëtzebuerg an d'Schwäiz areesen, nees eng Quarantänflicht.

En Donneschdeg hat den Ausseministère Eldoradio géigeniwwer scho confirméiert, datt Lëtzebuerg eventuell nees géif op d'Lëscht vun de Risikolänner géif kommen.

Zënter e Freideg Nomëtteg ass et offiziell. Dat schwäizer Bundesamt fir Gesundheit zielt Lëtzebuerg als Risikogebitt, datop sengem Site an der offizieller Lëscht vun de Risikogebidder a -länner. Domat gëllt fir Persounen, déi vun e Méindeg un aus Lëtzebuerg an d'Schwäiz areesen, elo eng Quarantänflicht. Domat si Persounen, déi an d'Schwäiz areesen, och dozou verflicht, sech bei de lokalen Autoritéiten ze mellen.

Och en negative Corona-Test hieft d'Flicht vun der Quarantän bei Arees an d'Schwäiz net op.

Just Persounen, déi duerch Lëtzebuerg gefuer sinn oder manner wéi 24 Stonnen do waren, si vun dëser Mesure net betraff.