D'Police sicht no Zeien, nodeem en onbekannten Täter e Freideg de Moien op der Dikrecher Gare e Bus vun der Linn 100 muttwëlleg beschiedegt huet.

E Freideg de Moie koum et zu engem Fall vu muttwëlleger Beschiedegung. En onbekannten Täter huet der Police no e Bus beschiedegt, andeem shie mat der Fauscht an d'Fënster vun der Chauffeurssäit geschloen huet. Et handelt sech ëm de Bus vun der LInn 100.

Am Zäitraum vun 6.15 Auer a 7 Auer kéinte Passagéier vun der betraffener Linn 100 (Lëtzebuerg-Fiels-Dikrech) méiglecherweis Informatiounen zu dem presuméierten Täter ginn. Dësen ass an der Fiels an de Bus geklommen.

Dës an aner Persounen, déi Informatiounen zum Virfall hunn, si gebueden, sech bei der Police ze mellen, entweder um Telefon (+352 244801000) oder per mail un police.diekirchvianden@police.etat.lu.