En Donneschdeg Owend huet d'Police gréisser Kontrolle géint Drogekriminalitéit am Garer Quartier an der Stad duerchgefouert. Een Dealer wollt flüchten.

D'Police deelt e Freideg mat, datt am Laf vun der Woch 3 Persoune wéinst Drogekriminalitéit festgeholl goufen.

Ënnert anerem en Donneschdeg Owend huet d'Police eng Partie Kontrollen am Garer Quartier an der Stad duerchgefouert. Iwwer 20 Beamten a Policehënn hunn d'Géigend ëm d'Gare an déi entspriechend Brennpunkten kontrolléiert (Rue de Strasbourg, Avenue de la Liberté, Avenue de la Gare). Deemno hätte virun allem Persounekontrollen an d'Kontroll vu méi verstoppte Plazen am Fokus gestanen, well dës Plazen den Dealere méi Siichtschutz bidden, esou d'Police.

© Police

E presuméierten Drogendealer (sougenannte Bodypacker) konnt festgeholl ginn, och wann hien am Ufank probéiert huet, virun der Kontroll ze flüchten. Op Unuerdnung vum Parquet gouf de Mann festgeholl. Bei him goufen 23 Kugele Kokain séchergestallt.

Iwwerdeems huet d'Police och e puer Onreegelméissegkeeten am Kader vun den Immigratiounsgesetzer a Verstéiss géint d'Betäubungsmëttelgesetz protokolléiert.

Zwou weider Persoune goufe wéinst Drogebesëtz protokolléiert. Dobäi goufen ongeféier 33 Gramm Haschisch confisquéiert.

© Police

Wéi d'Police weider matdeelt, goufe scho leschte Freideg an e Méindeg zwee aner Drogeverkeefer, dorënner ee Bodypacker, festgeholl. A béide Fäll goufe 35 Kugele Kokain a Boergeld confisquéiert.

D'Bekämpfung vun der Drogekriminalitéit wier weiderhin eng wichteg Prioritéit bei der Police, dowéinst géif d'Police och an Zukunft reegelméisseg op der Stater Gare present sinn a Kontrollen duerchféieren.