Als éischt huet de lëtzebuergeschen Ausseministère matgedeelt, dunn huet d'Auswärtiges Amt et confirméiert: Lëtzebuerg ass nees Risikogebitt.

E Freideg Owend gouf d'Nouvelle vum Auswärtigen Amt confirméiert. Lëtzebuerg zielt vun elo un offiziell als Risikogebitt. Et si keng Grenzkontrollen tëscht béide Länner. Persounen, déi aus Lëtzebuerg an Däitschland wëllen areesen, kënne beim Auswärtigen Amt e PCR-Test ufroen.

E puer Stonne virdrun hat de lëtzebuergeschen Ausseministère scho matgedeelt, datt Däitschland Lëtzebuerg nees op d'rout Lëscht vun de Risikolänner gesat hätt. D'Bundesregierung hätt deemno e Freideg entscheet, datt Lëtzebuerg wéinst den héijen Neiinfektiounen nees als Risikogebitt zielt. Dës Mesure kéint scho vun e Freideg Owend u gëllen.

Den Ausseminister Jean Asselborn géif deemno an enkem Kontakt mam däitschen Ausseminister Heiko Maas stoen. Den Asselborn weist dorop hin, datt d'Infektiounszuelen zënter e puer Deeg hei am Land nees géife falen. Och de Reproduktiounstaux wier gefall. Lëtzebuerg géif sech elo dorop konzentréieren, mat de Bundeslänner un der Grenz d'Auswierkunge vun der Risikoastuufung op d'Populatioun ze miniméieren.

D'Astufung vu Lëtzebuerg als Risikogebitt huet als Konsequenz, datt Persounen, déi aus Lëtzebuerg an Däitschland areesen, vun der Testflicht betraff sinn. Wéi eng Ausnamen hei gëllen, hänkt vun de jeeweilege Bundeslänner of.

Hei de Communiqué vum Ausseministère: 

Einstufung als Risikogebiet durch Deutschland

Communiqué par: ministère des Affaires étrangères et européennes

Die Bundesrepublik Deutschland hat heute beschlossen, auf Grund der erhöhten Infektionszahlen der letzten Tage Luxemburg erneut als Risikogebiet einzustufen. Dies könnte schon ab heute Abend gelten. Außenminister Asselborn steht diesbezüglich in engem Kontakt mit Bundesaußenminister Heiko Maas. Minister Asselborn weist darauf hin, dass die Infektionszahlen in Luxemburg seit Tagen wieder rückläufig sind und die Reproduktionsrate mittlerweile auf 0,95 gesunken ist. Luxemburg wird sich jetzt darauf konzentrieren, gemeinsam mit den angrenzenden Bundesländern, die Auswirkungen dieser erneuten Einstufung auf die Bevölkerung einzugrenzen.

Eine erneute Einstufung als Risikogebiet hat als Folge, dass Personen die aus Luxemburg nach Deutschland reisen möchten, einer allgemeinen Testpflicht unterliegen. Es gibt jedoch eine Reihe von Ausnahmen von dieser Testpflicht welche in den Quarantäneverordnungen der jeweiligen Bundesländer festgelegt sind.