Zu Esch an zu Nidderfeelen gouf et jeeweils eng Kollisioun tëscht engem Auto an engem Bam. 

Um Freiden Owend respektiv Samschde Moien, goufe bei 3 Accidenter am Ganze 4 Persoune blesséiert:

Um 19h30 de Freiden Owend hat sech op der N4 op der Cloche d'Or an Direktioun Leideleng en Auto iwwerschloen. Eng Persoun gouf hei blesséiert. Nieft dem Rettungsdéngscht aus der Stad war hei och de Samu op der Plaz.

Um 23h35 war am Raemericher Rond-Point zu Esch en Auto mat engem Bam kollidéiert. Hei goufen et 2 Blesséierter.

Eng weider Persoun gouf blesséiert ewéi géint 01h50 de Samschde Moien en Auto op der N21 zu Nidderfeelen an Direktioun Mäerzeg an e Bam gerannt ass.