Nodeems e Freiden 2 Journalisten an der franséischer Haaptstad bei enger Messerattack blesséiert goufen, huet den Haaptverdächtegen d'Dot gestan.

Nodeems e Mann de Freiden am Nomëtten an der Géigend vum fréiere Siège vun der Satirzeitung "Charlie Hebdo" 2 Persoune mat engem Messer blesséiert hat, huet déi franséisch Police am Ganze 7 Persoune festgeholl. Dorënner och en 18 Joer ale Fransous mat pakistaneschen Originne. Hie gëllt als Haaptverdächtege vun der Attack.

Wéi d'Noriichtenagence e Samschdeg mellt, soll den 18-Järegen d'Dot gestanen hunn. Als Motiv huet hien déi ëmstridde Mohammend-Karikature genannt, déi d'Satirzeitung "Charlie Hebdo" virum Attentat am Joer 2015 a virun e puer Deeg op en neits verëffentlecht hat. De presuméierten Täter hätt dës Karikaturen "net kënnen erdroen". Hie soll gemengt hunn, "Charlie Hebdo" géif nach ëmmer vun der selwechter Plaz aus schaffen, wat awer zënter dem Attentat vun 2015 net méi de Fall ass. Hien hätt deemno wëlle Journaliste vum Magazin ugräifen. De Mann wier zënter dräi Joer a Frankräich a wier bis elo nach net als Islamist bekannt, esou mellt et d'AFP.

Ewéi d'Noriichtenagence AFP mellt, soll d'Police zënter e Freideg Owend nieft dem Haaptverdächtege 6 aner Persoune festgeholl hunn. Eng vun dëse Persoune gouf awer nees fräigelooss, well sech de Verdacht, dee géint de Mann virlouch, sech net confirméiert hätt.

Iwwerdeems wier e fréiere Matbewunner vum 18 Joer alen Haaptverdächtegen an der Nuecht op e Samschde festgeholl ginn. D'Zuel vun de Persounen, déi sech um Samschde Moien am Garde à Vue befannen, bleift also bei 7.

De franséischen Anti-Terror-Parquet ermëttelt no der Attack wéinst "Mordversuch am Zesummenhang mat enger terroristescher Dot" a "Bildung vun enger krimineller Terrorgrupp". Och de franséischen Inneminister Gérald Darmanin schwätzt vun engem "islamisteschen Terrorakt" a seet, datt een d'Gefor vun esou enger Attack an der Strooss, an där sech bis 2015 de Siège vun "Charlie Hebdo" befonnt huet, laang ënnerschätzt hätt. Zënter dem Attentant schafft d'Redaktioun vum Magazin op enger geheimer Plaz.