E Fliger vun der ukrainescher Loftwaff soll beim Ufléie vun enger Landebunn ausenee gebrach sinn.

Beim Ofstuerz vun engem Militärfliger am Oste vun der Ukrain e Freiden sollen op d'mannst 26 vun de 27 Passagéier ëm d'Liewe komm sinn. Deemno huet just eng Persoun den Ofstuerz iwwerliewt, well si beim Landeversuch aus dem Fliger gesprongen ass. Dat mellt d'Noriichtenagence AFP a berifft sech dobäi op de stellvertriedenden ukraineschen Inneminister Anton Geraschtschenko.

D'Maschinn soll an der Géigend vun der Stad Charkiw erofgefall sinn. U Bord waren nieft 7 Membere vun der Crew 20 Studente vun enger Héichschoul vun der Loftwaff.

Wéi et vun der ukrainescher Loftwaff heescht soll de Fliger ausenee gebrach sinn ewéi en um 19h50 e Freiden Owend eng Landebunn zu Tschuhujiw an der Regioun Charkiw ugeflunn ass.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet ugekënnegt, d'Plaz vum Ongléck e Samschden ze besichen.