De Konzern reagéiert domadder op Kritik u sengem Ëmgang mat Fäll vu sexueller Belästegung.

Google wëll 310 Milliounen $ an d'Fërderung vu Gläichstellung, Villfalt an Inclusioun investéieren. Dat huet de Mammekonzern vu Google "Alphabet" e Freide matgedeelt. Nieft der Investitioun vun de Suen huet "Alphabet" och decidéiert seng intern Richtlinnen ze änneren. D'Mataarbechter hunn zukünftegt d'Recht wéinst sexuellen Iwwergrëffer viru Geriicht ze zéien. Bis ewell ware si an esou Fäll dozou verflicht intern Ermëttler anzeschalten. Domadder reagéiert de Konzern op Kritik vu sengen Aktionären déi dësem virgeheien Dosende Fäll vu sexueller Belästegung, zu deenen et bei Google komm soll sinn, ënnert den Teppech gekiert ze hunn. Am November 2018 hate Mataarbechter op der ganzer Welt wéinst dem Ëmgang vu Google mat Fäll vu sexueller Belästegung gestreikt.

Kuerz virdrun hat Google zouginn 48 Mataarbechter, dorënner 13 héichrangeg Manager, wéinst sexuellem Feelverhalen entlooss ze hunn. Vir Onverständnis hunn dobäi déi héich Geldzomme gesuergt déi, virun hirer Entloossung, un dës Persoune bezuelt goufen. Esou soll den Entwéckler vum Smartphone-Betribssystem "Android" 90 Milliounen Dollar kritt hunn.