Enger neier Etüd no géife mir keen aneren op der Welt méi bewonnere wéi d'Michelle an de Barack Obama. Den Trump rutscht op Plaz 17 an dëser Lëscht.

Eng nei Etüd vu YouGov huet ënnersicht, wéi eng Mënsche weltwäit am meeschte bewonnert ginn. An dobäi koum eraus, datt weltwäit keen esou bewonnert gëtt wéi d'Koppel vun den Obamas.

Bei de Männer steet de Bill Gates op der zweeter Plaz, de chinesesche Staatschef Xi Jinping op der drëtter Plaz. D'lescht Joer war de Bill Gates nach uewen an der Spëtzt, dee gouf awer elo vum Barack Obama ersat, dee fir d'éischt Kéier op déi éischt Plaz klëmmt.

Den Nofollger vum Obama, den aktuellen US-President Trump, ass am Verglach zum leschte Joer ëm eng weider Plaz gefall, dat op Plaz 17.

Bei de Frae klasséiert sech d'Schauspillerin Angelina Jolie op der zweeter Plaz hannert dem Michelle Obama. Op der drëtter Positioun steet d'Queen Elizabeth II.

Weltwäit goufe fir dës Etüd am Joer 2020 45.000 Persounen aus 42 Länner befrot. Als éischt konnten d'Participanten an enger oppener Fro hir Äntweten uginn. An der zweeter Etapp konnte si nach déi meeschtgenannte Persoune sënneren. D'Etüd gëtt zënter 2014 gemaach.

D'Resultater vun der Etüd an Däitschland. / © yougov