D'Schwäizer entscheeden e Sonndeg an engem Referendum, ob si d'Recht fir fräien Openthalt vun EU-Bierger an der Schwäiz wëlle kippen.

E Sonndeg steet an der Schwäiz e Referendum un, bei deem et ënnert anerem ëm de sougenannte "Prinzip der Freizügigkeit" fir EU-Bierger geet. Dëse Prinzip erméiglecht et Bierger aus EU-Länner, aus EWR-Länner an aus der Schwäiz, sech fräi an dëse Länner ze beweegen an opzehalen.

Enger Fro am Referendum no soll dëse Prinzip elo gekippt ginn. Dës Iddi geet zréck op d'Initiativ vun der rietspopulistescher Schwäizer Vollekspartei (SVP). Sollt hire Virschlag ëmgesat ginn, kéint dat direkt Konsequenzen op hir Bezéiung mat der EU hunn.

D'EU hat am Joer 2014 wéinst enger änlecher Fro an engem Referendum schonn d'Schwäiz dorop higewisen, datt d'Schwäiz just duerch dëse "Prinzip der Freizügigkeit" Zougang zum EU-Bannemaart hätt, och ouni EU-Member ze sinn. D'Freizügigkeit vun de Bierger wier deemno en "Häerzstéck" vun de Bezéiungen tëscht der EU an der Schwäiz an deemno "onverhandelbar".

D'Regierung zu Bern huet iwwerdeems och virun dem neie Virschlag gewarnt, well domat och eng ganz Rei vun aneren Accorden an Ofkommes géifen ausser Kraaft gesat ginn. Dat kéint dann hefteg Konsequenzen op d'Schwäizer Ekonomie hunn.

Aktuellen Ëmfroen no hätt dëse Virschlag den Ament awer wéineg Chancen op Erfolleg. Deemno solle ronn 65 % vun de Befrote géint de Virschlag sinn.

Bei Referendum stinn nach eng ganz Rei weider Froen um Programm, ënnert anerem iwwert eng Reform vum Juegdgesetz an iwwert e bezuelte Pappecongé.