E Samschdeg Nomëtteg koum et tëscht Chrëschtnech a Konsdref zu enger Chute vun engem Motocyclist. Dëse gouf schwéier blesséiert.

Wéi de CGDIS matdeelt, ass e Motocyclist e Samschdeg kuerz vir 14 Auer um CR118 tëscht Chrëschtnech a Konsdref accidentéiert. Hie gouf schwéier blesséiert. Weider Detailer ginn et keng.

Ee liicht Blesséierte gouf et dann och bei enger Kollisioun vun zwee Autoen um Briddel an der Mëttesstonn.

Weiderhin hunn sech 3 Persoune bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoe géint 11 Auer an der Rue de Mersch zu Fiels blesséiert.