Zu London goufen um Samschdeg 16 Persoune bei Protester géint d'Covid-Mesurë vun der Police festgeholl. Donieft goufen 9 Poliziste blesséiert.

Zu London koum et um Samschdeg um Trafalgar Square zu Corona-Protester. D'Police huet missen intervenéieren an huet d'Protestante getrennt. Dobäi koum et zu Ausernanersetzungen.

Wéi et heescht, goufe 16 Persoune festgeholl a 9 Poliziste goufe  bei de Protester blesséiert.

Och e Grupp am Hyde Park huet vun der Police missen opgeléist ginn. Deemno goufen d'Covid-Reegelen net respektéiert.

Groussbritannien huet um Samschdeg 6.042 Neiinfektioune mam Coronavirus nogewisen. Am Ganze goufe bis e Sonndeg ronn 430.000. Infektiounen enregistréiert. D'Zuel vun den Doudesaffer läit bei knapp 42.000 also déi héchsten an Europa.