A China si 16 mannerjäreg Aarbechter an enger Kueleminn erstéckt wéi gëftege Gas sech wärend engem Brand verbreet hat. Eng Persoun huet iwwerlieft.

No engem Brand an enger Kueleminn sinn a China 16 Aarbechter erstéckt. Eng weider Persoun schwieft den Ament a Liewensgefor, esou d'Autoritéiten.

Wéi et heescht, ass e Brand an der Géigend vun der Stad Chongqing am Südweste vum Land ausser Kontroll gerode wouropshi gëftege Gas sech verbreet huet.
Méi wéi 100 Leit aus Rettungsekippe waren am Asaz. A China kënnt et méi oft zu sou schwéieren Accidenter well d'Sécherheetsmesuren net ëmmer respektéiert gi wéi verschidde Medie schreiwen.